Den Dënschden 9. Mee war déi järlech Generalversammlung vun der Amicale 81 zu Mondorf am Haus Amitié.
Nieft dem Comité vun der Amicale 81 waren och de Buergermeeschter Steve Reckel a Membere vum Gemengerot wéi natierlech och all Bewunner vum Haus Amitié present.
Wéi gewinnt ass et no dem offiziellen Deel e gudde Patt mat Schnittercher ginn, wou all Leit en flotte Moment matenee verbrénge konnten.