D’Fondatioun APEMH huet leschte Samschden de 24. Januar mat 2 Equipen un engem Fussballturnéier zu Schuller deel geholl.
Dat ganzt gouf organiséiert vum F.C. Etoile Sportive Schouweiler.
D’Spiller hunn gutt gekämpft, kee Ball hierginn a mat e puer sehenswerte Spillziisch hunn si ob sech opmierksam gemeet. Um Enn hunn si et bis ob déi 4. an 5. Plaatz geschafft.
Dëst war natierlech och e flott Spektakel fir déi eng oder aner Wunngrupp, aus eise Wunnstrukturen.
De 25. Februar vun 21 Auer bis 23 Auer ass dann och schonn dat nächst Tournéier wou mer géint den Tricentenaire an d’Ligue HMC spillen. Dëst fënnt statt zu Messancy an der Sportshal (rue d’Arlon, 50 – 6780 Messancy).
Mir sichen nach Matspiller a Matspillerinnen.
{gallery}APEMH_tournoi_foot_240115{/gallery}