Eng nai spaasseg Aktivitéit mat de Malamouten

Publié : 11.05.2023

Den SAJ war bei de Raphaël Fiegen an den Ellergronn zu Esch wou hien seng Malamouten huet. Wou mir ukoumen hunn d’Malamoute gebillt dëst ass hier Begréissung gewiescht.

Zesumme mam Raphaël hunn mir d’Malamoute preparéiert andeems mir hinnen d’Geschir ugedoen an se dunn un d’Lénkt ugestréckt hunn. Wou d’Gefier prett war konnte mir ons eenzel op den adaptéierte Won setzen a sinn sou vun de Malamouten duerch de Bësch gezu ginn.

Deen dee wollt konnt zum Schluss mat bei d’Malamouten an d’Gehege an se heemelen a Fiddere fir hiren Effort ze belounen.

 

Search

+