Gaardefest am Wuelesser Haus
Den 8. September 2012 haten d’Bewunner an d’Personal aus dem Wuelesser Haus 2 ob een Gaardefest invitéiert. Bei Geleeënheet vun dëser sympathescher Feier wollten si, zesummen mat hiren Familljen, der Vereenegung « Mateneen Doheem » Merci soen. Des hat nämlech duerch eng grousszügeg Spent erméiglecht, dass d’Bewunner vum Wuelesser Haus lo eng wonnerschéin Klunsch an hirem Gaart stoen hunn. Des Klunsch ass speziell un d’Bedierfnisser vun Leit mat enger schwéierer Behënnerung ugepasst ginn an erméiglecht hinnen sou den Aussenberäich vun hirem Haus bei guddem Wieder optimal notzen ze kennen. Als klengen Geste an groussen Merci gouf der Presidentin vun « Mateneen Doheem », der Mme Sonja Lefèbre-Morbus, een schéinen Bouquet Blummen iwwerreecht. Een Mëttegiessen war dunn nach d’Geleeënheet fir all d’Invitéen fir e puer gemittlecher Stonnen am Wuelesser Haus ze verbréngen.
Merci nach emol vun eis alleguer un MATENEEN DOHEEM!