En Naturschutzprojet zu Lampech

Publié : 31.03.2023

D’APEMH zu Lampech huet hieren Terrain zu Verfügung gestallt fir e Schilfgebitt auszebauen.
Mam neie Weier (8,7 Ar), deen duerch Sickerwaasser d’ganzt Joer gespeist gëtt, soll dëst Schilfgebitt Plaz kréien fir sech weider z’entfalen.

Seelen Vugelaarten, ewéi d’Waasserrall oder de Schwaarze Storch, kënnen sech hei nidder loossen. Och heemesch kleng Fëschaarten an d‘Weiermuschel, déi rar ginn ass, kënnen hei e neie Liewensraum fannen. D’Schilfgebitt dréit dozou bäi, d’Netz un Fiichtgebidder z’erweideren, fir op déi Manéier e Reseau un Liewensraim fir d’Iwwer- an Weiderliewen vun Fauna a Flora ze sécheren. De Naturschutzprojet ass an enger Natura2000 Zon.
Merci der SICONA Naturschutzsyndikat, der Gemeng an dem Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, datt dëse Projet konnt ëmgesat ginn.
(Source a Fotoen Sicona, Naturschutzsyndikat)

Search

+