„En Dag an der Natur“ am Ellergronn zu Esch

Publié : 20.05.2025

Den 18. Mee huet de Service Soutien Nossbierg mat engem Stand um „Dag an der Natur“ participéiert.

Mat grousser Begeeschterung hu Kanner d’Aktivitéite matgemaach. D‘Kanner konnten e richtegen Zauerstab, en Traumfänger oder aner flott Saachen aus Materialie wéi Holz, Woll, Fiederen, Faarwen a Pärele maachen.

En Dag fir d’ganz Famill mat flottem Programm. Workshops an der Natur, Bëschrallye, Déieren, Bouschéissen, Hummerwerfen, op de Bam kloteren, Feier maachen, Holzhandwierk, Aarbechte mat grousse Maschinnen am Bësch, a villes méi.

Search

+