Den SAJ vun Esch huet eng Sortie op d’Schueberfouer gemaat

Publié : 04.09.2023

Op d’Fouer si mir gaangen, duerch d’Sonn an de Reen
Familljen, Jugendlecher a Senioren hunn mir och begéint.

Mir hunn e flotten Dag verbruecht mat verschiddenen Impressiounen,
gesongen a gedanzt hunn mir och well op all Eck cool Musek a Beliichtunge waren déi eis verfouert hunn.

D’Friture an déi séiss Saachen déi wollte mir och onbedéngt schmaachen, dëst ass Traditioun an sou wéi sou 🙂
D’Spiller hunn ons Spaass gemaach, virun allem d’Achter- an d’Geeschterbunn, do si mir ëfters hin an hier geflunn.

Search

+