Baskin steet fir „basket integrato“, en internationalen inklusiven Baskettournoi deen schon zanter 2001 organiséiert gett.
Durch den EscherBasket matt der Ennerstetzung vun der Gemeng Esch, hat den Kevin d’Méigelegkeet op deem Tournoi deelzehuelen.
All Samsten Moien get den Kevin matt grousser Motivatioun an sein Basketraining an Esch.
Den 15. Juni war ett souweit. Zesummen matt senger Begleedpersoun, engem Personal aus dem Roude Fiels wou den Kevin wunnt,
haten sie Rendez-vous um Findel matt hierer Equipe. Den Fluch war wonnerbar fir den Kevin. Ett gett bal naischt méi Schéines wie matt engem Fliiger ze fleien.
Zu Mailand ukomm, huet die motivéiert an dynamesch Groupe d’Busrees ugetratt fir an den Hotel ze kommen.
Ett waren vill kuerz Nueten, mee d’Energie fir d’Matcher war ongebrach.
Eis letzebuerger Equipe vum Escher Basket ass fir 3 Matcher uegetrueden. Géint Italien an Serbien sin sie nemmen knapp verluer. Den leschten Match hun sie dann géint Daitschland sech behapten kennen. Den Kevin hat wonnerbar 3 Punkten an engem Match markéieren kennen.
Die verschidden Spiller hun sech och Rendez-vous fir en flotten Danzowend ginn.
D’Iessen war natiirlech superlecker sou datt die jonk Sportler hier Batterien rem oplueden konnten fir den nächsten Match.
An der Final hun sech Italien an Frankreich begéint. Schlussendlech huet ett geheescht d’Heemrees untrieden.
Wann een wees wie gaeren den Kevin flitt, kennen mer eis virstellen datt hien sech erem op den Fluch fir zreck op Letzebuerg gefreet huet.
E groussen Merci un d’Anita an den Paollo vum Baskin, un den Basket Esch an Gemeng Esch an un den Diogo fir all aer Ennerstetzung an Motivatioun.
An e groussen Respekt fir den Kevin fir seng sportlech Leeschtung an Italien.