D’Cliärwer Haus feiert Gebuertsdag

Publié : 06.08.2012
10 joer Clirw

Den 15. Oktober 2002 ass zu Cliärw déi éischt Waanstruktur van der APEMH am Norden va Lëtzebuerg opgaangen. Fir dëse ronne Gebuertsdag ze feieren, haten déi aktuell Bewaaner den 21. Juli 2012 ob eng sympathesch Feier an den Centre de Jour “Sonnenhaus” invitéiert.

Niewent hire Famillen haten o na fréier Mataarbichter a Bewaaner de Wee op Cliäref fonnt. Befier et ob de Buffet goung, han de Roland Maes an de Luigi Alberti, als éischt Bewaaner vam Cliärwer Haus, mat enger klenger Asprooch d’Gäscht begréisst. Du sënn de Georges Peschon als Chargé de direction an d’Marion Kamper (fréier Chargée de direction vam Haus) na bësse méi am Detail op déi 10 lest Joëren agaangen.

Bei engem gemittleche Mëttigiessen konnten dunn o d’Invitéen hir Erënnerungen an déi vergaangen Joeren austauschen. De Pascal Closter, aktuelle Bewaaner vam Cliärwer Haus, hatt d’Gäscht mat Musek ënnerhalen a während der ganzer Feier konnt ee Fotoen aus deene lesten 10 Joer op enger Leinwand kucken.

Search

+