D’APEMH bei der Bam-Challenge: 5 Beem a vill Engagement!

Publié : 20.11.2025

D’APEMH huet mat vill Asaz an Energie un der Bam-Challenge deelgeholl. D’Zil vun der Aktioun: an den 72 Stonnen nom Nominéieren iwwer Social Media ee Bam planzen. Mir hunn dës Erausfuerderung net nëmmen ugeholl, mee och mat Bravour gemeeschtert – am Ganze goufe 5 Beem geplanzt!

Eng grouss Unzuel u Strukturen, Servicer a Mataarbechter hunn sech zesummegedoen, fir mat unzepaken an e staarkt Zeeche fir d’Ëmwelt ze setzen:

  • Serre Equipe vun Housen
  • Serre Equipe vu Betten
  • UFEP
  • Klaro
  • Selbstvertrieder
  • Wunn- an Dagesstrukture vum Nossbierg
  • Mataarbechter aus dem Atelier vu Lampech

E grousse Merci un all déi, déi matgemaach hunn!

Video 1:
Bam-Challenge zu Housen an zu Betten

Video 2:
Bam-Challenge vum Kokopelli, Wunn-an Dagesstrukture vum Nossbierg a vu Lampech

 

Search

+