D’APEMH ass an Trauer

Publié : 11.05.2021
Annonce LB APEMH

D’APEMH ass an Trauer

D’ganz Fondatioun APEMH, déi verschidden Verwaltungsréit, d’Direktioun, all d’Mataarbechter, an all d’Leit mat enger intellektueller Beeinträchtegung, di vun den Servicer vun der APEMH begleet ginn, traueren em den plëtzlechen an onerwaartenen Doud vun der Madame Liette Braquet – Directrice vun den Atelieren vun der APEMH.

 

Liette, mir sinn all schokéiert säit mir di Noriicht kritt hunn iwwert däin esou fréien an onerwaartenen Doud. Mir kënnen et bal net gleewen.

Du waars en Urgesteen bei der APEMH, en Mënsch op deen d’APEMH säit iwwer 40 Joer konnt bauen. Mat denger starker Perséinlechkeet, denger Mënschlechkeet, denger Begeeschterung an dengem permanenten Asaatz hues du matgeschafft un der Entwécklung vun der APEMH an hiren Servicer.

Du hues gehollef di vill verschidden Äntwerten di haut eng APEMH fir Mënschen mat enger intellektueller Beeinträchtegung ubidd, ze denken, ze entwéckelen an opzebauen.

Du hues mat vollem Asaatz geschafft bis zum Schluss, an dat ouni eis ze soen wéi krank dass du waars. Du hues dech mat denger Aarbecht identifizéiert, di oft un éischter Platz stoung. Deng intensiv Verbonnenheet mat der APEMH, däin Engagement am Sënn vun alle Leit mat enger intellektueller Beeinträchtegung war a wäert fir ëmmer en Beispill fir eis all sinn. Eng APEMH ouni Liette ass fir eis schwéier sech virzestellen.

Dem Fern an denger ganzer Famill drécke mir eist déifsten Bäileed aus.

Liette mir wäerten dech an deng stark Perséinlechkeet a Mënschlechkeet ni vergiessen.

Liette du feels eis.

 

Annonce – Luxemburger Wort 8./9. Mee

Search

+