De Familljen- an Integratiounsminister Max Hahn huet d’Mandataire vum Conseil Supérieur des Personnes Handicapées (CSPH) genannt.
Dëse Conseil setzt sech aus 11 Membren an 11 Suppléants zesummen, dovunner si: 5 Représentants vun Associatioune vu Persounen mat enger Behënnerung oder hire Familljen, fir déi, déi sech net selwer representéiere kënnen ; 4 Représentants vu Gestionnairen, déi de Persoune mat enger Behënnerung Zerwisser ubidden; 1 Représentant vum Centre national d’information et de rencontre du Handicap, Info-Handicap ; 1 Delegéierte vum Familljeministère.
D’Zil vun enger inklusiver Gesellschaft, an där jiddereen dozou gehéiert, ass nëmmen duerch ee kollektiven Effort ze erreechen. An deene leschte Méint a Joren gouf um Familljeministère op ville Pläng dru geschafft, an dëst an Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger Behënnerung, mat dem CSPH a mat ganz villen anere Ministèren an Administratiounen, fir dëst Ziel gemeinsam ze erreechen.

An deem Sënn kënnt dee neien CSPH zesummen.