Congress Inclusion International

Publié : 07.06.2018
IMG 0445

17. Weltkongress vun Inclusion International

D’APEMH war vertrueden um 17. Weltkongress vun INCLUSION INTERNATIONAL vum 30. Mee bis den 1. Juni 2018 zu Birmingham an England.

 

De Weltkongress bréngt Selbstvertrieder, Famillen, Professioneller an Organisatiounen aus der ganzer Welt zesummen, fir vuneneen ze léieren an sech géigenseiteg ze inspiréieren. Ziel ass et, gemeinsam de Wee ze ebnen, fir d’Inklusioun vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung Wierklechkeet ginn ze loossen.

 

Am Kader vun dësem Weltkongress huet Inclusion Europe säin 30 Gebuertsdag gefeiert, dëst mat enger Foire ënnert dem Motto “Flavours of European Inclusion”. Et war d’Geleeënheet fir d’APEMH op engem Stand seng Aarbecht ze presentéieren an sech mat aneren Organisatiounen aus Europa auszetauschen.

 

{gallery}Photo Congress Inclusion International{/gallery}

Search

+