Enn Mee waren all Bewunner a Personal vum Haus Amitié zesummen en Tour mam Muselschëff gefuer. Um Schëff hunn mer bei schéinem Wieder a flotter Landschaft eisen Apero genoss, éier mer dono zesummen zu Réimech op enger Terrasse e gudde Maufel zu eis geholl hunn. Et war en flotten Ausflug, a sécherlech net dee leschten.
