Besuch am SAJ Esch vum David Lenz

Publié : 25.03.2024

D’US Ambassade hat d’APEMH kontaktéiert an eis gefrot ob mir un enger Zesummenaarbecht mam amerikanesche Kënschtler David Lenz interesséiert wieren.

4 Usagen aus dem SAJ Esch haten dunn den 20 Mäerz, déi grouss Éier de renomméierten  amerikanesche Portrait Kënschtler David Lenz wärend senger Rees duerch Lëtzebuerg kennen ze leieren.

Als Papp vun engem Jong mat Down-Syndrom, konzentréiert den David Lenz sech a senger Aarbecht nieft der Erfuerschung vu Liewensëmstänn vu Mënschen, déi sech um Rand vun der Gesellschaft befannen, och mat Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung an hirem Ëmfeld. Sou versicht hie Mënschen an d‘Liicht ze réckelen, déi sech éischter am Onsiichtbare befannen.

Dem David Lenz seng bemierkenswäert fotorealistesch Technik vermëttelt Authentizitéit a waarm Mënschlechkeet vun de Portraitéierten.

D’Usagen aus dem SAJ hunn sech um David Lenz senger Iddi fir ee Selbstportrait ze molen, inspiréiert an hunn hier kënschtleresch Talenter ënner Beweis gestallt.

D‘Konschtwierker si vum David Lenz am Echange mat de Kënschtler en Valeur gesat ginn.

Den David Lenz well Bewosstsi schäffen, wéi wichteg et ass, och Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung als Produzente vu Konscht an eiser Gesellschaft mat ze integréieren.

Search

+