De Centre de jour vu Klierf war gëschter op Besuch beim SAJ Esch um Nossbierg. No engem klengen Austausch an engem gemeinsame Mëttegiessen ass et dunn a Richtung Insektenhoteler gaangen. Sie hate leider keng Chance mam Wierder a konnten net vill Insekte gesinn, mee et war trotzdeem awer ee flotten Dag. Deemnächst wäert den SAJ Esch op Besuch an de Centre de jour Klierf komme fir eng gemeinsam Aktivitéit.
