Adventsnomëtten mat de Familljen an de Frënn vun den Usager’en aus dem SAJ Mondorf

Publié : 06.12.2023

Ganz houfreg ware mir iwwert de Besuch vun der Madamm Charlotte Strasser-Beining (Conseillère communale) an dem Här Marc Bichler (Conseiller communal) vun der Gemeng Mondorf, déi och mat deel geholl hunn un eiser Feier.

D’Usager’en hunn ee Concert ginn dee mir zesumme mam Chantale Kirsch aus der Museksschoul Mondorf ageprouft hunn.

Kichelcher goufe gebak vum SAJ an et war och fir genuch Kuch a Gedrénks gesuergt. Et war eng ganz flott Stëmmung mat enger Diashow, Musek a gemittlechem Beieneen…

Search

+