Adventsfest den 1. Dezember 2017 an den Atelieren zu Housen
Programm vum Dag (11:00 -19:00):
Mëttegiessen an der Kantin ab 11:30. Als Auswiel proposéiere mir:
– Hirschragout mat Spätzle a roude Kabes;
– Paschtéitche mat Fritten an Zalot;
– Kniddelen
– Nom Iesse kennt Dir Kaffi a Kuch an der Kantin oder an der Hall vum Adventsmaart zou Iech huelen.
Reservatioun bis spéitstens den 27. November 2017 iwwer Telefon um 26 90 40 50 oder iwwer mail ob cuisine.hosingen@apemh.lu
Eisen Adventsmaart bitt Iech vill Iddie fir déi kommend Fester:
– Adventskränz a Chrëschtdekoratioun
– Chrëschtbeemercher
– Geschenkartikel aus Keramik, Holz an aner Materialien
– Artisanal Produkter wéi Gebeess, Ueleg, Esseg, Käerzen an nach villes méi
– Gaardemiwwel aus Holz an/oder Eisen
Tombola an Adventsfotoshooting.
Fir den Honger an Duuscht ass de ganze Mëtteg gesuergt.