Adventsfest – APEMH Parc Housen

Publié : 02.11.2016
invit Adventsfest Housen 2016

Adventsfest den 25. November 2016 an den Atelieren zu Housen

Programm vum Dag (11:00 -19:00):

Mëttegiessen an der Kantin ab 11:30. Als Auswiel proposéiere mir:

– Paschtéitche mat Fritten an Zalot;
– Wäinzoossiss mat Moschterzooss, Purée a Muerten;
– Nuddele mat Bolognaise- oder Napolitainezooss.
– Nom Iesse kennt Dir Kaffi a Kuch an der Kantin oder an der Hall vum Adventsmaart zou Iech huelen.

Reservatioun bis spéitstens den 21. November 2016 iwwer Telefon um 26 90 40 50 oder iwwer mail ob cuisine.hosingen@apemh.lu

 

 

 

 

Eisen Adventsmaart bitt Iech vill Iddie fir déi kommend Fester:

Adventskränz a Chrëschtdekoratioun
Chrëschtbeemercher
Geschenkartikel aus Keramik, Holz an aner Materialien
Artisanal Produkter wéi Gebeess, Ueleg, Esseg, Käerzen an nach villes méi
Gaardemiwwel aus Holz an/oder Eisen

 

Tombola an Adventsfotoshooting.
Fir den Honger an Duuscht ass de ganze Mëtteg gesuergt.

Invitatioun

 {gallery}Adventsfest_251116{/gallery}

Search

+