D’APEMH huet mat vill Asaz an Energie un der Bam-Challenge deelgeholl. D’Zil vun der Aktioun: an den 72 Stonnen nom Nominéieren iwwer Social Media ee Bam planzen. Mir hunn dës Erausfuerderung net nëmmen ugeholl, mee och mat Bravour gemeeschtert – am Ganze goufe 5 Beem geplanzt!
Eng grouss Unzuel u Strukturen, Servicer a Mataarbechter hunn sech zesummegedoen, fir mat unzepaken an e staarkt Zeeche fir d’Ëmwelt ze setzen:
- Serre Equipe vun Housen
- Serre Equipe vu Betten
- UFEP
- Klaro
- Selbstvertrieder
- Wunn- an Dagesstrukture vum Nossbierg
- Mataarbechter aus dem Atelier vu Lampech
E grousse Merci un all déi, déi matgemaach hunn!
Video 1:
Bam-Challenge zu Housen an zu Betten
Video 2:
Bam-Challenge vum Kokopelli, Wunn-an Dagesstrukture vum Nossbierg a vu Lampech
