2 Scheckiwwerreechungen zu Betten den 28. Abrëll

Publié : 28.04.2022

Op Initiative vu verschiddene Mataarbechter aus den Ateliere vu Betten gouf den 25 & 26 Mäerz eng Car-Wash Aktioun gestart.
Et war e groussen Erfolleg, sou dass Madamm Theves Caroline vu Caritas Lëtzebuerg e Scheck vun 2500€ entgéint huele kennt, dei komplett fir d’Affer vun der Ukrain-Kris gespent ginn.

Op der Fête de la Paix den 02.04.2022 hat den Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen (SAS, EVA, AKTIFF) en Stand, wou selwergemaache Kuch an Téi verkaf gouf.
Eise Matbestemmungsgrupp (SEA-Treff) huet am Virfeld entscheet, dass den Erléis vu 400€ vun dësem Dag wäert un Unicef- Urgence en Ukraine goen, de Scheck hellt Madamm Arendt Maryse entgéint.

E grousse Merci fir all Spend an un all déi Fräiwëlleg, déi bei dësen 2 flotten Aktioune gehollef hunn.

 

Search

+