D’Haus Amitié vun der APEMH seet der Amicale Mondorf villmools Merci fir hir 12 nei Senioregerecht Still déi si fir hier Stuff kruten. Dëst gouf en Donneschden den 31. Mäerz am Haus gefeiert.
D’Amicale an d’Bewunner hunn vun dësem Moment profitéiert a souze gemittlech bei Schnittercher a Gedrénks zesummen.