D’Wuelesser Haus 1&2 huet den 28/09/14 op hier 10 Joresfeier invitéiert. D’Elteren, d’Familljen, deemoleg Bewunner a Personal, d’Nopere vum Haus an d’Membere vun der Direktioun, hunn dëst Fest mat eis verbruecht.
Bei schéinem Wieder hunn mir den Aperitif dobausse genoss an uschléissend den Dag gemittlech zesummen am Festsall « A Meesch » bei Buffet, Kaffi a Kuch gefeiert.
Uschléissend un d’Begréissung vum Chargé de direction, Georges Peschon, goufe Jariyaporn (Mouck) Sengchay a Laurent Praus fir hier super Leeschtunge bei den Special Olympics Summer Games 2014 ze Antwerpen geéiert.
Musikalesch gouf d’Fest vum Museksgrupp « Flying Mechthild » begleed. Et war en wierklech flotten Dag, un dee mir nach laang a gär wäerten zréck denken.
{gallery}10_Joer_Wuelessen{/gallery}