Konferenz – 30 Joer UFEP

30 Joer UFEP – Formatioun: Gëschter, haut a muer!

Fir dëst Jubiläum ze feieren, wëlle mir Partner, Clienten an d’Haaptacteuren aus eisem Secteur bei enger inspiréierender Konferenz zesummebréngen. E besonneschen Highlight, am Zeeche vun Innovatioun, dem Austausch vun Expertisen an neie Perspektiven.

Bei dësem Event beschäftege mir eis mam Thema: „Formatioun: gëschter, haut a muer“. Dëst bitt d’Geleeënheet:

• e Bléck op déi wichtegst Trends an der Formatioun ze geheien;
• iwwer d’Auswierkunge vun de Verännerungen an der Aarbechtswelt op d’Formatioun nozedenken;
• pedagogesch Innovatiounen, déi aktuell an eiser Regioun entstinn a fir Iech interessant kéinte sinn, virzestellen.

Mir freeën eis, Iech dëse Programm ze präsentéieren a lueden Iech häerzlech an, Iech iwwer dëse Link unzemellen: Conférence 30 ans UFEP

D’Konferenz ass a Presenz vum Här Max HAHN, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil.

Wéini?

Dënschdes den 10. November vun 16 bis 20 Auer (Accueil ab 15:30 Auer)

Wou?

Technopolis, Rue Guillaume J.Kroll 12, L-1882 Luxembourg

D’Konferenz gëtt, ausser der Presentatioun op Däitsch vum Dr. Benjamin BEREND, op Lëtzebuergesch ofgehalen. Op Ufro bei der Umeldung kann eng franséisch Iwwersetzung zur Verfügung gestallt ginn.

D’Participatioun un der Konferenz ass gratis, mee d’Zuel vun de Plazen ass limitéiert. Fir Iech Är Plaz ze sécheren, rode mir Iech, Iech esou séier wéi méiglech unzemellen.

Mir géifen eis freeën, Iech bei dësem Jubiläum ënnert eis begréissen ze däerfen an dëse besonnesche Moment zesumme mat Iech ze feieren!

Invitatioun Konferenz – 30 Joer UFEP

Programm & Aschreiwung

Détails

Date :
10 novembre 2026
Heure :
16:00 - 20:00
Download :
Invitatioun Konferenz - 30 Joer UFEP
Site Web :
www.ufep.lu/blog/actualites-14/329

Organisateur

UFEP
Téléphone :
(+352) 37 91 91-249
E-mail :
info@ufep.lu