D’Kreativ mat Häerz asbl huet d’Jugendlokal vun Esch mat engem generéise Scheck ënnerstëtzt. Et ass den Erléis vun hirem Adventsfest. D’Scheckiwwerreechung war an de Lokalitéite vun der Fondation Dr Elvire Engel zu Stengefort.
Gläichzäiteg huet d’Kreativ mat Häerz asbl och d’Fondation Dr Elvire Engel mat engem Scheck ënnerstëtzt fir hire Projet am Burkina Faso wou si Aidskrank Fraen an hir Famillen ënnerstëtzen.
E ganz grousse Merci.



