Den 20. November 2025 huet den Incluso un der 14. Konferenz vun der non-formaler Bildung Deel geholl. D’Thema wor « Bewegung bildet, gemeinsam für aktive Kinder » an huet d’Wichtegkeet vun enger lieweger an erliefnesorientéierter Pedagogik an alle Sënner ervirgehuewen.
Den Incluso wor frou dat inklusiivt Denke mat hinne kënnen ze deelen, wou d’Participatioun, d‘Vilfalt an d’Individualitéit vun all Kand am Vierdergrond steet.
Den Austausch mat de Visiteure wor immens flott a beräicherend. En Zeechen datt d’Beweegung net nëmme bei de Kanner stattfënnt, mee un éischter Stell bei dynameschen Equippen, déi hire professionellen Alldag ëmmer erëm nei denken.



