Wunnen a Liewe fir Leit mat Beanträchtegung

Publié : 07.10.2025

Den 1. Oktober hat d’APEMH Parents et Familles zesumme mat der Ligue HMC an dem Tricentenaire, mat der Ënnerstëtzung vum Familljeministère, e groussen Informatiouns an Austausch Owend zu Bouneweg am Centre culturel organiséiert. D’Collaboratioun mat Info-Handicap hat et erlaabt och nach aner Acteuren aus dem soziale Secteur mat an d’Boot ze huelen. Iwwer 200 Leit hunn un dësem Event deelgeholl. D’Präsenz vum Minister Max Haan huet d’Wichtegkeet vun dem Thema ënnerstrach a mir soen him dofir e grousse Merci.

D‘Idée fir dësen Event ze organiséieren ass entstane bei APEMH Parents et Familles. Et ass jo eng grouss Suerg vun den Elteren a Famille vu Kanner an Erwuessener mat intellektueller Beanträchtegung, eng Äntwert ze fannen op d’Fro: wou ka mäi Kand liewe wann ech net méi kann no him kucken, a wou gëtt am Beschten, senge Besoin’en entspriechend, no him gekuckt.

En Doheem, eng Platz fir ze wunnen, ze liewen an sech wuel ze fillen, ass e wichtegt Recht fir jidderee fir an der Gesellschaft integréiert ze sinn.

De Sujet vu Wunnen a Liewe fir Leit mat enger Beanträchtegung ass den éischte Volet vun enger Serie vun Themen déi sollen an Zukunft nach behandelt ginn.

D’APEMH huet déi méi nei Wunnforme virgestallt, déi aktuell ugebuede ginn. D’Rachel an d’Steffi, déi an hirer eegener Wunneng, vum engem Service vun der APEMH ënnerstëtzt ginn, hu mat hiren Temoignagen Abléck an hiert Liewe ginn. Si hunn erzielt, wéi si wunnen an a wéi enge Beräicher si vum Personal vun der APEMH Begleedung kréien, fir dass si hiert Liewen sou selbststänneg wéi méiglech kënne gestalten.

Ausserdeem gouf e Video gewisen, an deem den Andy erkläert, wéi et ass, an enger inklusiver WG ze wunnen, a wéi do d’Zesummenaarbecht mat der Equipe vun der APEMH ass.

Erklär-Video – inklusiv WG

Präsentatiounen

Search

+