• Cet évènement est passé.

Freed un der Konscht an um Handwierk

Gratuit

Am Kontext vum Summerfest um Nossbierg hu Kënschtler un engem Molconcours deelgeholl. Di éischt dräi Biller goufen op een T-Shirt gedréckt. Et hunn iwwer 70 Biller vu Kënschtler aus den Dagesstrukturen an den Haiser vun der APEMH deelgeholl. E Choix ze treffe war bal onméiglech well si all flott waren. Sou huet sech d’Iddi entwéckelt d‘Biller an enger Konschtausstellung auszestellen.

D’Dagesbesucher vum Service Soutien Nord waren ebenfalls immens kreativ an hu flott Biller gemoolt a waren handwierklech aktiv. De Service Soutien Nossbierg stécht mat sengem flotte gestéckte Këssen sou wéi mat Skulpturen eraus.

Mir freeën eis di Konschtwierker vun den Dagesstrukturen an den Haiser vun der APEMH zu Veianen am Sanatorium ausstellen ze dierfen.

De Vernissage vun der Konschtausstellung ass de 15.10.2025 um 14 Auer.

Vum 16. Oktober bis den 12. November kann d’Ausstellung vu Méindes bis Freides vun 8-17 Auer besicht ginn.

Adress:
Sanatorium zu Veianen
10, Maison de Soins de l’Etat
L-9440 Vianden

Dir braucht Iech nët unzemällen, mee soot an der Receptioun am Sanatorium Bescheed.

 

Détails

Début :
15 octobre 2025 08:00
Fin :
12 novembre 2025 17:00
Download :
Konschtausstellung APEMH
Prix :
Gratuit
Site Web :
www.apemh.lu/

Organisateur

APEMH
Téléphone :
(+352) 37 91 91-1
E-mail :
info@apemh.lu

Lieu

Sanatorium Vianden
10, Maison de Soins de l’Etat
L-9440 Vianden
Luxembourg
+ Google Map
Ajouter à mon calendrier