Ufanks Juli haten d’Kanner aus dem CARR-Sud eng ganz speziell Visite: D’Biker vun U.B.A.K.A. (Urban Bulldogs Against Kids Abuse) waren op Besuch. Dës international Motorradsgrupp setzt sech mat vill Engagement fir d’Grondrechter vun de Kanner an a kämpft aktiv géint all Form vu Mësshandlung.
Si sinn net mat eidelen Hänn komm – am Géigendeel: Si haten e ganz flotte Cadeau dobäi – e Cargo-Vëlo! Dëse Vëlo huet schonn eng Rei schéin Erliefnisser mam Sharleen hannert sech, an elo ass et un de Kanner aus dem CARR-Sud, fir domat nei Aventuren ze erliewen.
E grousse Merci geet un UBAKA Luxembourg an un d’Mamm vum Sharleen – mir freeën eis schonn op vill schéi Momenter an Toure mam neie Vëlo!



