De 17. Mee krut d’APEMH de « Prix de l’inclusion numérique » iwwerreecht fir säi Projet « Starter Pack ». An dësem Projet geet et em den Opbau an der Realisatioun vun engem Starter Pack vun der Digitaler Welt. De Projet gëtt ënnerstëtzt vum Ministère de la Digitalisation.
De Starter Pack besteet aus Formatiounsmoduler.
En ass speziell u Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ugepasst.
D’Inhalter sinn op Liichter Sprooch an op Lëtzebuergesch.
An der éischter Phase ginn d’Formatiounsmoduler definéiert, baséiert op der Analyse vun aneren digitale Projeten. Dëst geschitt mat enger inklusiver Equipe.
Dono gëtt de Starter Pack mat eisen Zilgruppe getest an adaptéiert fir eng besser Verständlechkeet.
Schlussendlech, ginn d’Formatiounsmoduler an Handbicher op eiser Website lern-plattform.lu verëffentlecht.
©Photo – Ministère de la Digitalisation
