Tour de Flouer

Publié : 26.05.2025

De 7 Juni maache mir als APEMH Atelier Lampech beim Tour de Flouer vun der Gemeng Reckeng mat.

Um Flyer an der Annexe fann dir de komplette Programm vun dëser flotter Organisatioun.

Watt den Atelier Lampech betrëfft, esou kenn dir tëschent 10.00 an 17.00 Auer:

  • HoKa Lampecher Deierepensioun besiche kommen
  • De Bauerebetrib mat senge Kéi, Schwäin a Schof besiche kommen
  • Den Up-Cycling Projet mat de Schof-Woll erkläert kréien.
  • De Lampecher Gaart besiche kommen

De ganzen Dag iwwert, si mir zesumme mat eise Mataarbechter do, fir iech flott an interessant Erklärungen zu eise verschiddene Aktivitéiten ze ginn.

De Lampecher Buttek ass de 7 Juni ausnamsweis vun  8.00 bis 17.00 Auer ob.

Hei kenn dir – de ganzen Dag iwwert – eppes iessen an drénken – natierlech lauter Saachen aus eiser eegener Produktioun.

Hei den Flyer

 

 

 

 

Search

+