Informatiounsdag fir Leit mat spezielle Bedürfnisser

Publié : 02.04.2025

D’APEMH ass de 25. Abrëll mat engem Stand vertrueden, organiséiert vun der FEDAS, wou si hir Servicer an de Beräicher Formatioun, Aarbecht an Dagesbetreiung virstellen. Leit mat spezielle Bedürfnisser kënnen sech hei informéieren, wat si no der Schoul maache kënnen oder wou si kënnen higoen.

Fréides, den 25. Abrëll
vun 10:00 bis 18:00 Auer

Coque – Nationaalt Sport- a Kulturzentrum
2, rue Léon Hengen
L-1745 Kirchberg
Luxembourg

D’APEMH bitt eng Panoplie vu Méiglechkeete fir Leit mat spezielle Bedürfnisser, vun der Formatioun bis zur Aarbecht, an hiren Atelier’en oder an engem normale Beruffsëmfeld. Schaffe bedeit méi wéi eng berufflech Aktivitéit, et bedeit eng Plaz an der Gesellschaft ze hunn an d’Selbstwäertgefill ze stäerken.

D’Dagesbetreiung vun der APEMH bitt fir Erwuessener eng adaptéiert, sécher Ëmfeld an eng perséinlech Begleedung. D’Leit kënnen an hirem gewinnte Liewensraum bleiwen, hir Fäegkeeten entwéckelen, sozial integréiert bleiwen an d’Famill wärend dem Dag entlaaschten.

Affiche vum Informatiounsdag

Search

+