Wanter Bazar um Nossbierg

Publié : 12.12.2024

De Service Soutien vum Nossbierg huet an Zesummenaarbecht mam SAJ 2 e flotte Wanter Bazar organiséiert. Am Virfeld ass vill gebastelt a gebak ginn. Beim bastele vu Wichtelcher, Luuchten, Kränz eppes fir op de Beemchen ze hänken a villes méi konnt jidderee senger Kreativitéit fräie Laf loossen.

Mir haten eng grouss Weihnachtsbäckerei organiséiert wou Kichelcher a Kuch gebak gi sinn. Et ass gutt matgehollef fir e flotte verkaf op Been ze stellen.

Den Dag selwer huet de Service Soutien d’Leit mat Kaffi a Kuch verwinnt. Et wor e schéine Mëtte mat enger flotter Ambiance.

Search

+