Dëse Projet dréit sech em d‘Spill. Fir ze spille brauche Kanner Spillsaachen. Ass dat wierklech sou?
D‘Kanner aus dem Topolino hunn eppes Neies ausprobéiert. Si hunn all Spillsaachen aus dem Haus a Kartongskëschte gepak an ob d’Rees geschéckt.
Am Platz koume Materialie fir ze spillen; et si Materialien déi d‘Kanner aus hirer Ëmgéigend kennen: Holzstécker, Stepp, al Telefonen, Schlësselen, Wäschklamere, Knäpp, Kiew, Dicher, Kartong, Pabeier, Bäll, Material aus der Kiche vun den Elteren oder Grousselteren, a villes, villes méi.
Duerfir huet misse vill gesammelt ginn. Jiddereen huet matgehollef fir d‘Reim nei ze fëllen.
Dono war et esou wéit. De Projet konnt starten. D‘Kanner si an de Sall era komm, hunn sech alles genau ugekuckt, si virwëlzeg ginn, hu Froe gestallt, ausprobéiert, getässelt; et ass villes entdeckt ginn, nei Spiller erfonnt ginn, jidderee konnt matspillen an et ass méi zesummegespillt ginn.









