Am Incluso gouf et Nowuess

Publié : 21.10.2024

Thema vun dësem Koffer ass Sensibiliséierung vun de Kanner. Teams aus de Crèche a Maison Relais kréien hei spilleresch a kreativ Iddien, wéi si konkret Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder am Team a mat de Kanner kennen uschwätzen, benennen an als Chance erliewen.

Natierlech kann de Koffer och vun all aner professionellt Team wat Intresse huet, ausgeléint ginn.

Mat dësem Koffer gëtt et am Incluso elo insgesamt 7 Kofferen zu verschiddenen Theme vun der Inklusioun:

  • Diversitéit
  • Emotioune
  • Emotioune bei jonke Kanner (0-4 Joer)
  • Wahrnehmung
  • Participatioun
  • Reflexioun am Team
  • Sensibiliséierung Kanner

Virwëtzeg ginn?

Fir e Koffer ze reservéiere kënnt dir eis per Mail ob incluso@apemh.lu oder per Telefon um 26 37 49 75 kontaktéieren.

Search

+