Den 13. September hu mir eis am schéinen Thermalbad-Parc zu Munneref getraff fir eise Picknick. De ganzen SAJ Mondorf, d’Jugendstuff Munneref an dës Kéier ass d’JuKaGang vun der Maison Relais Mondorf – Services d’Éducation et d’Accueil de Mondorf och dobäi gewiescht! Zesummen hate mir eng flott Zäit! Mir hunn zesumme giess, gelaacht, gespillt a gedanzt.





