Op Besuch um Pädagogesche Bauerenhaff „An Hecken“ zu Habscht

Publié : 02.08.2024

Den SAJ2 vun Esch war op Habscht op de pädagogesche Bauerenhaff „An Hecken“ bei d’Nicole Wagener. Um Haff konnte mir d’Déiere kenne léieren, heemelen, richen. D’Usager’en ware begeeschtert vun all eenzel Déier, mir hu Schwäin, Schof, Hinger, Mierschwéngercher kenne geléiert. Am Nomëtte war den Highlight fir si bei d’Lamaen an d’Alpakaen op d’Wiss ze goen. Jiddereen duerft ofwiesselnd mam Lama spadséiere goe bis an de Bësch.

Dat war eng richteg flott Aventure, d’Nicole huet eis de ganzen Dag super encadréiert a souwuel D’Usager’en wéi och d’Begleetpersonal war begeeschtert vun dësem Dag.

Search

+