Den SAJ 2 ass mam ëffentlechen Transport an d’Stad gefuer fir ob d’Ouverture vum Projet „d’Stad liest“ ze goen. Zesummen hu mir an der Stad giess, mir hunn eis d’Stad ugekuckt a sinn ob eng Virliesung gaangen. Mir konnten eis och sämtlech Bicher ukucken déi d’Stater Bibliothéik zur Verfügung gestallt huet.





