Mir sinn houfreg Iech matzedeelen datt eist Summerfest och dëst Joer erëm de Logo “Green Events” kritt huet.
Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:
- regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un.
- d‘Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
- Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
- eng bewosst Offalltrennung
- Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
- d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:30 Auer
- Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
Dir kënnt eis ënnerstëtzen: bréngt Är eege Kierf mat, fir Är Akeef an Tombolasgewënn.
Méi Infoen zum Programm fannt dir an dësem Artikel:
Summerfest um Escher Nossbierg de 15. Juni 2024
