Summerfest um Escher Nossbierg de 15. Juni 2024

Publié : 08.05.2024

D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 15. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.

Programm vum Dag

  • 11:00 – 14:00  |  Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg.
  • 11:30 – 18:00  |  Museksprogramm
  • De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks a Kreativatelieren fir Grouss a Kleng 

Och dëst Joer hu mir eis erëm als Zil gesat mam Logo „Green Events” ausgezeechent ze ginn.

Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:

  • regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks: Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un.
  • d‘Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
  • Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
  • eng bewosst Offalltrennung
  • Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
  • d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:30 Auer
  • Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren

Adress : 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accès)

Wann dir eis wëllt mat engem Don ennerstëtzen, da kënnt dir daat hei maan: FAIRE UN DON

Weider Infos fannt dir op eisem Flyer.

Flyer Summerfest 2024

Search

+