An eisem Buttek verkafe mir ënnerschiddlech Saachen aus eiser eegener Produktioun.
Frëscht Geméis aus dem Lampecher Gaart
Zoossen, Weck-Geméis oder och Sirop a Jus
Mëtschen, Kuch a Kichelcher
Hond- a Kaze Leckerlis
Bitz-Saache fir Mënsch an Deier
Natierlech kritt dir och weider aner Produkter aus den Atelier vun der APEMH, esou wei regional a lokal Produkter ze kafen.
Zudeem kenn dir an eisem Kaffi-Eck gemittlech eng Täertchen oder soss e Kichelche genéissen.
Eis Ëffnungszäite sinn:
Vun Dënschdeg bis Freideg vu 7.30 bis 18.00 Auer
Samschdeg vun 8.00 bis 12.00 Auer
Lampecher Buttek
88-94, rue de Soleuvre – L-4499 Limpach
Mir freeën eis iech bei eis begréissen ze kennen.
D’Equippen aus dem Atelier Lampech.





