APEMH

Le mot du Président

Mir hunn als A.P.E.M.H. elo schonn zënter méi wéi 40 Joer op dës Situatioun higeschafft. Mir sinn ugetruede mat deem fir déi Zäit revolutionären Objektiv, d’Liewesqualitéit berodenvun de betraffene Persounen signifikant ze verbesseren, hir Inklusioun an d’Gesellschaft an domatter hir voll Participatioun um Gesellschaftsliewe sécherzestellen: D’Zil ass d’Normalisatioun, d’Gläichstellung an der Gesellschaft.

Eist „Leitmotiv léisst sech mat engem Aussproch vum südafrikanesche Friddensnobelpräisträger Frederik Willem de Klerk resuméieren: In the past it was important that everybody who was different had the same rights; in the future it will be important that everybody has the same right to be different“.

D’Aneschtsinn soll net nëmmen e Recht sinn, mä vun der Gesellschaft unerkannt ginn; et däerf keen Hindernis méi sinn voll kënnen ze partizipéieren. An do wou et keng Hindernisser méi gëtt, gëtt et och keng Behënnerung méi an da kéint een de leider negativ beluete Begrëff vun der „geeschteger Behënnerung“ ofschafen!

Dat ass leider net esou einfach wéi et kléngt; et bedeit e revolutionäre Paradigmewiessel vun der Gesellschaft, e fundamentale Mentalitéitswiessel, en déifgräifend Ëmdenken... Dat kann een net einfach erbäizauberen oder per Gesetz dekretéieren. De Wiessel muss een erbäiféieren andeems ee béid Säiten, d’Gesellschaft an déi Betraffen, doropper virbereet resp. se fit mécht dofir.

Dat hu mir als A.P.E.M.H. versicht ëmzesetzen a sinn dobäi op 2 Ebene virgaang:

1. op enger ethesch-moralescher, wou mer drop geschafft hunn d’Rechter vun de Betraffenen ëmmer erëm ervirzehiewen, de Phänomen „geeschteg Behënnerung“ ze thematiséieren, de Leit nozebréngen, se derzou ze kréien, sech domat ausenanerzesetzen an doduerch d’Ëmdenken anzeleeden. Mir hu Wäert drop geluet ëmmer erëm Geleeënheeten ze schafen, d’Leit zesummenzebréngen, fir Virurteeler a eréierungsängschten ofzebauen, an engem Wuert d’Leit prett ze maache fir de Wiessel;

2. op enger méi praktesch-materieller Ebene, wou et drëm gaang ass eis Leit, déi Betraffen, fit ze maachen, dofir ze suergen, dass se „grouss“ ginn, selbstänneg, autonom, erwuessen. Dat hu mer erreecht durch d’Schafe vun engem regelrechte Netzwiek vun betreienden a beroden den erzéiereschen, psychopädagogeschen a psychosoziale Servicer, vun adäquate Wunnstrukturen a vu valorisanten Aarbechtsstrukturen, déi absolut un d’Besoinen vun de betraffene Leit ugepasst sinn.

Mer si virun allem net zu Onrecht stolz drop, datt all eis Strukture ganz bewosst als oppe Begéignungsplaze konzipéiert sinn, wou et ganz selbstverständlech zu Begéignungen an Interaktioune mat der Populatioun kënnt.

De Konzept huet sech mëttlerweil esou gutt bewährt, dass een ouni ze zécke ka behaapten, datt an deene Gemenge wou et Strukture vun der A.P.E.M.H. gëtt, dës praktesch iwwerall als Beräicherung vum kommunale Liewen ugesi ginn... a grad dorunner sinn eis Leit gewuess. D´Geschicht vun der A.P.E.M.H. däerf ee roueg als eng Art „Success Story“ bezeechnen, déi eis soe léisst, mer wären elo prett a gutt preparéiert fir déi nei Erausfuerderungen unzegoen...

Dofir halen ech drop all deenen, déi duerch hiren Engagement an duerch hiren onermiddlechen Asaz zu dëser erfollegverspriechender Situatioun bäigedroen hunn en décken, opriichtege Merci ze soen!

 

Rol Anen

President vu der Fondatioun A.P.E.M.H.

Mise à jour le Jeudi, 14 Juillet 2011 08:54
 
Bande Bande